Salut alleguerten,
Hello everyone,
Bonjour tout le monde,
Eis Haaptaktiviteiten an aktuell Posts fannt der all op fb:
Our main activities and current events can be found on fb:
Nos activités et meetings actuels peuvent être trouvés sur fb:
just di kleng info di iwwert neiegkeeten steet
Salut alleguerten,
Hello everyone,
Bonjour tout le monde,
Eis Haaptaktiviteiten an aktuell Posts fannt der all op fb:
Our main activities and current events can be found on fb:
Nos activités et meetings actuels peuvent être trouvés sur fb:
Veröffentlicht von tchiichobits am 24. April 2017
https://aniluxlu.wordpress.com/2017/04/24/see-you-on-facebook/
Mer sinn den Moment erreischt am gaangen des Seit ganz opzebauen, mee hun nach net alles geschafft. Doweinst hudd nach en bessen Gedold matt eis, mer schaffen matt Heischdrock drun, alles esou seier wei meiglech ferdeg ze maachen.
Waat ass schon ferdeg:
Waat nach ze maachen ass:
Hei kennt der eis am Forum äer Meenung dozou soen. Mer freen eis iwert all Zort vun Feedback.
Veröffentlicht von Luluriel am 18. Januar 2012
https://aniluxlu.wordpress.com/2012/01/18/des-seit-ass-emmer-nach-en-chantier/
Wou dat mer ierch jo um laafen haalen iwwer waat bei eis sou lass as, fannd der op den folgenden Forumlinks dei Neiegkeeten an Updates dei der ierch net entgoen loosen sollt.
Wann der also up to date wellt sin, kuckt eng keier eran, et schued kengem.
Veröffentlicht von Luluriel am 4. Dezember 2011
https://aniluxlu.wordpress.com/2011/12/04/commiteessetzung-recapitulatif-annerungen/
Wéini: Den 30ten ëm 14:00 |
---|
Wou : Op der Gare |
Wéi: am Kimono oder chineseschen Dress, matt Bento an Decken |
Salut alleguerten,
Abrëll ass jo den Mount vun der Hanami an Japan. Alles fänkt un mat bléien an et gëtt dach näischt méi schéines, wei sech eng Decken ze kropen an sech ënnert dës schéin Bléienpracht ze setzen fir en Pic-Nic ze maachen. Also gräift Iech är Decken, maacht en klengen Bento an lass geet et. Et wär äusserdem flott wann jiddereen entweder am Kimono oder an chinesescher Tracht géing kommen. Esou hätten mer eisen ganz perséinlechen Hanami hei zu Lëtzebuerg.
Wat den Oflaf ubelaangt, treffen mer eis wei gewinnt um 14:00 Auer an der Gare an maachen dann wei gewinnt eis Ronn duerch Geschäfter. Dono ginn mer eis et dann an den Park gemittlech maachen an Sonn genéissen, hei kënnen mer dann och eis matbruechten Bentoen iessen an zesummen Spaass hunn.
Hoffen mol dass Wieder matspillt an freeën mech schon op erëm en flott Treffen.
Veröffentlicht von Luluriel am 13. April 2011
https://aniluxlu.wordpress.com/2011/04/13/abrell-treffen-hanami-2/
Leif Aniluxler,
Ech mengen jiddereen vun iech huet déi lescht Woch mat den Leit an Japan matgefillt. Mer geet et do net anescht. An déi Hëlleflosegkeet näischt maachen ze kënnen ass schrecklech. Dowéinst wollt ech hei en Opruff maachen fir ze spenden.
Eisen Partner-Veräin „Les Amis du Japon A.s.b.l.“, wou den Seku an ech Memberen sinn, sammelen Spenden fir den Leit dohannen ze hëllefen. Dei gesammelt Spenden ginn integral un d’japanesch Ambassade hei zu Lëtzebuerg iwwerwisen an dono an der Krisenregioun an Japan agesat. Dowéinst bieden ech jiddereen vun iech, deem japanesch Land, seng Kultur an seng Leit um Häerz leien eppes klengen ze spenden.
Fir déi, déi ausserdeem nach eppes aneres wëllen maachen, hunn ech hei nach en klengen Projet. Aus totaler Hëlleflosegkeet hunn ech zwee Häkelpatronen vum offiziellen Maskottchen vun Sendai gemaach, fir meng Solidaritéit mat den Leit aus Sendai an der Ëmgéigend ze weisen. Ech giff mech freeën, wenn sech en puer vun iech giffen mengem Projet unschléissen an sech och en Maskottchen giffen heekelen.
Merci.
Durch Klicken op daat jeweilegt Bild, kommt der op eng Seit fir den Patron eroofzelueden.
All Diskussiounen an Kommentarer sinn erwënscht. Einfach hei klicken fir am Forum matzeschwätzen.
Veröffentlicht von Luluriel am 18. März 2011
https://aniluxlu.wordpress.com/2011/03/18/hellef-fir-japan/
Wéini: Den 26ten Juni ëm 14:00 |
---|
Wou : Op der Gare |
Wéi: matt guddem Wieder |
Konnichi ha,
Den Seku ass mool aus Japan zreck, an freet sech op dën nächsten Treff. Ass jo mool nit mi sou laang.
Den Thema ass nach ëmmer Häckelzuups, fier di di nach nit genuch dervunner hunn (den Maskottchen ass anscheinend nach nit laang genuch). Fier all di aaner Mattleedender kucken ech een Anime oder 2 mattzebrëngen… an e puer Photoen vun Japan di ech an den leschten Wochen gemaach hunn (boff, ass jo och nit vill aaneschtes wi hei 😀 )
Fannt am Forum Inforumatiounen an Diskussioun zum Treffen
Veröffentlicht von Christian Majeres am 15. Juni 2010
https://aniluxlu.wordpress.com/2010/06/15/juni-treffen-mer-schweessen-an-der-hetzt/
Wéini: Den 22ten ëm 14:00 :surprise: |
---|
Wou : Op der Gare |
Wéi: bewaffnet mat Crochet an Woll ^^ |
Hallo Alleguerten 🙂
Fir allereisch mol ganz wichteg!!
Well en puer vun eis gären wellen op Düsseldorf op den Japan-Tag goen, ass eist Anilux-Treffen schon den 2. leschten Samsteg vum Mount, also den 22. Mee 2010.
Ausserdem wollt ech Iesch weisen wei een dei putzeg Deiercher häkelt, dei een allgemeng Amigurumi nennt.
Amigurumi kennt, wei een sech et schon denken kann, aus Japan an heescht frei iwersaat „ausgestoppten Deiercher“. Meeschtens sinn se gehäkelt, mee et ginn och gestrecktener oder aus Pomponen. Et gett hei alles vun Deieren, Iessen, an alles waat een zu engem Chibi maachen kann. Waat se awer all gemeinsam hun ass, dass se putzeg, knuffeg an total süss sinn.
An well een sech esou seier an dei leif Deiercher verleift weisen ech Iesch um Treffen wei een esou eppes selwer mescht. Ech weisen Iesch wei een häkelt an dei eenzel Anleitungen versteht, op deitsch, franseisch, englesch oder japanesch.
Fir dass der do och all kënnt matschaffen, musst der en puer Saachen matbrengen:
Den Rescht Saachen dei der braucht wärt ech matbrengen. Well eisen heischgeschätztenen Seku net do wärt sinn, heen ass an Japan, wärten mer also keng Animeen kucken, also mussen dei Leit dei net häkelen wellen sech aanescht beschäftegen 🙂
Elo nach zum Schluss, den Sall muss net prepareiert ginn doweinst treffen mer eis ganz normal op der Gare an maachen eisen neien Tour, also erem bei der Bastelkiste laanscht, esou kënnen dei Leit dei nach eppes brauchen sech et organiseieren.
Bis um Treffen :kiss:
Fannt am Forum Inforumatiounen an Diskussioun zum Treffen an den Amigurumien
Et wär fein, wann dei Leit dei op jiddenfalls wellen matmaachen daat am Forum matdeelen, dass ech ongefeier wees weivill Kopien mer ongefeier brauchen.
Veröffentlicht von Luluriel am 1. Mai 2010
https://aniluxlu.wordpress.com/2010/05/01/mai-treffen-amigurumi/
Wéini: Den24 ten ëm 14:00 |
---|
Wou : Op der Gare |
Wéi: mat Bento an Sëtzdecken bewaffnet |
Salut alleguerten,
Jo, ech wees, ech wollt iwert Cosplay schwätzen, mee irgendwei fannen ech et eng Senn am Sall ze setzen, wou mer schon esou en scheint Wieder hun. Also hun mer elo ganz kurzfristeg emdisponeiert an maachen zesummen eng Hanami.
Eist Treffen leeft normal wei emmer oof, also dei gewinnten Geschäfter (Player One, Reservoir Games, …) Mer wärten allerdings dono net an den Sall goen. Mee eis eng schein Plaatz an der Staat sichen, wou mer zesummen picknicken können.
Also huelt är Bento Saachen eraus, an lass geet et.
Waat jiddereen esou brauch:
Ech denken dass daat ganz flott wärt ginn, an mer och des Keier!! d’Wieder keen Strech durch Rechnung mescht, esou wei dei lescht Joeren.
Freen mech schon, bis en Samsteg :kiss:
Veröffentlicht von Luluriel am 19. April 2010
https://aniluxlu.wordpress.com/2010/04/19/abrell-treffen-hanami/
Wéini: Den 27ten ëm 14:00 |
---|
Wou : Op der Gare |
Wéi: normal gekleed, matt gudder Laun ^^ |
Salut alleguerten,
Eigentlech wollt ech desen Mount iwert Cosplayen schwätzen, wei een se mecht, wou een Material hierkritt an esou weider, mee leider war ech dei lescht Woch schon erem krank an doweinst wärt ech daat op eist Abrell-Treffen verleen.
Desen Mount, ass also en ganz normalt Treffen.
Rendez-vous um 14:00 Auer an der Staat der Gare bei dem Zeitungsbuttek. Mer wärten dono dann och all Geschäfter maachen, vir dann an den Sall ze goen. Der könnt gären eppes matbrengen vir äesch ze beschäftegen, mee mer kreien eis Zeit och ouni eppes gudd erem :ok:
Wär flott wann mer gudd Wieder hätten, dann keint een vielleicht en bessen mei laang an der Staat bleiwen, awer egal, lossen mer eis einfach iwerraschen.
Des Keier brauchen mer och näischt am Sall ze prepareieren, also gesinn mer eis direkt op der Gare.
Bis en Samsteg :kiss:
Veröffentlicht von Luluriel am 23. März 2010
https://aniluxlu.wordpress.com/2010/03/23/marz-treffen-leider-ouni-thema/
Eng Säit wi Anilux ass leider matt Käschten verbonnen, dofier sinn mer jidderengen dankbaar deen eis, finanziell oder aaneschtes ënnert d’Aërm gräift.
Dofier, hei d’Lëscht vun deenen di gespend hunn daat mer eis Anilux.lu kënne leeschten:
Nach eng Kéier e grousse Merci un iech!
Kyouya
Jonny
Neko
Zack
Tchii
Kakashi
Leviathan
Veröffentlicht von Christian Majeres am 24. Februar 2010
https://aniluxlu.wordpress.com/2010/02/24/en-grousse-merci-spenden/
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.