See you on Facebook.

Salut alleguerten,
Hello everyone,
Bonjour tout le monde,

Eis Haaptaktiviteiten an aktuell Posts fannt der all op fb:
Our main activities and current events can be found on fb:
Nos activités et meetings actuels peuvent être trouvés sur fb:

Anilux.lu on FB

Mee-Treffen: Picknick :3

Wéini: Den 28. Mee um 14:00
Wou : Op der Gare
Wéi: Mat vill Sonn!

Moien alleguerten,

Endlech ass erëm Saison un fir Picknicken ze maachen. ^-^

Treffen ass wéi üblech um 14h00 op der Gare virum Kiosk. Um 14h30 ginn mir dann ewéi üblech Richtung Asia Market, Player One, Games Reservoir… an herno ginn mir eis an de Park installéieren.

Mir wäerten dës Kéier net an d’Fantasy Box goen well dee selwechte Dag schonn den ING Marathon an der Stad ass an ab enger gewëssener Auerzäit keng Busse méi fueren fir dohinner a/oder zeréck.

Mir wäerten virdrunner nach bis an den Alima goen fir eppes ze Drénken an z’Iessen ze kafen virun dass mir an den Park ginn.

Denkt och drun eng Decken matzehuelen!

Wichteg:

Falls d’Wieder net op eiser Säit ass, wäert et erëm ee normaalt Treffen ginn a wäerten wéi gewinnt duerno erëm an den Sushi Shop goen.

Bis geschwënn 😀

_________________________________________

Hello everyone,

The season for some picnic has finally arrived. ^-^

We meet like always at 2 P.M. in front of the kiosk at the main station. At 2:30 P.M. we’re heading towards to the Asia Market, Player One, Games Reservoir… and afterwards we will do our picnic.

We won’t go to the Fantasy Box this time because of the ING Marathon in Luxembourg City so there will be no busses.

Before we’re going to the park, we will first go to Alima and buy some food and drinks.

Don’t forget to bring a picnic blanket!

Important:

If the weather isn’t on our side, we’ll go to the Sushi Shop as usual instead of picnicking.

See you soon. 😀

 

Abrëll-Treffen: Ganz relax.

Wéini: Den 30. Abrëll 2016 um 14:00
Wou : Op der Gare
Wéi: Ganz relax!

Léif Leit,

Dëse Mount ass erëm ee normaalt Treffen um Programm.

Den Treffpunkt ass ewéi gewinnt um 14h00 op der Gare virum Kiosk a maachen eis op den Wee um 14h30 Richtung Asia Market. Dann geet et weider duerch dei üblesch Geschäfter wei Player One an Games Reservoir (Optional Fantasy Box duerno fir dei dei wellen). Herno ginn mir eis an den Sushi Shop sëtzen an verbrengen en scheinen Restowend madeneen,

Bis dann ^^.
Ärt Anilux-Team.
____________________________

Dear members,

This months’ meeting will be a normal one again.

We’re meeting like usual at 14:00 in front of the Kiosk at the rail station. Departure via the Asia Market is at 14:30. After that we go on to our usual shops like Player One and Games Reservoir (Optionally Fantasy Box afterwards for those who want). We will then go to the Sushi Shop to get some food and spend a nice evening together.

See you soon. ^^
Your Anilux-Team.

März Treffen: Ganz gemittlech.

Wéini: Den 26. März 2016 um 14:00
Wou : Op der Gare
Wéi: Ganz relax!

Léif Leit,

Dëse Mount ass erëm ee normaalt Treffen um Programm.

Den Treffpunkt ass ewéi gewinnt um 14h00 op der Gare virum Kiosk a maachen eis op den Wee um 14h30 Richtung Asia Market. Herno ginn mir an den Player One, Bubble Tea, Games Reservoir an eventuell nach an d’Fantasy Box fir déi di wëllen. Herno ginn mir eis an den Sushi Shop sëtzen fir eis do weider z’ënnerhalen. ^-^

Zéckt net är Virschléi ze posten wann dir der sollt hunn! 🙂

Bis dann ^-^

____________________________

Dear members,

This months‘ meeting will be a normal one again.

We’re meeting like usual at 14:00 in front of the Kiosk at the rail station. Departure via the Asia Market is at 14:30. Afterwards we will go to the Player One, Bubble Tea, Games Reservoir and eventually to the Fantasy Box for those who’d like to visit the store. Not last but not least we will go to the Sushi Shop to have a nice chat together. ^-^

Do not hesitate to hand in your suggestions if you have any! 🙂

See you soon. ^-^

Februar-Treffen: Cosplay!

Wéini: Den 27. Februar 2016 um 14:00
Wou : Op der Gare
Wéi: Am Cosplay!

Den Titel seet jo schonn alles: Cosplay!!! 😀

Also maacht ären Kleederschaf op an huelt är Cosplays eraus a maacht déi lescht Preparatiounen! Natierlech hoffen mir all dass d’Wieder mat eis léif wäert sinn. Dofir hänkt ären Teru teru bōzu dobaussen op a kräizt d’Fangeren!

Mir erënneren iech och drun dass dir net gezwongen sidd ee Cosplay unzedoen.

Mir treffen eis ewéi üblech an der Gare virum Kiosk um 14 Auer.

Den Tour wäert ewéi üblech duerch d’Stad verlafen: Asia Market, Player One, Bubble Tea, Games Reservoir… Mir kucken dann och fir Fotoen vun ären Cosplays mam Geeks Life ze maachen fir dass dat Treffen eemoleg gëtt. 😀

Mir kënnen et schonn kaum erwaarden iech ze gesinn! ^-^

Är Anilux-Équipe.

_____________________________________________________

The title says everything: Cosplay!!! 😀

Open your wardrobe and get your Cosplays ready! Of course we hope that the weather is going to be sunny. Let’s hang out our teru teru bōzu and hope it will be sunny!

We don’t force people to come dressed in a Cosplay, it’s also alright to come dressed as usual.

We are meeting at 2 P.M. in front of the kiosk at the rail station.

We will do the normal tour: Asia market, Player One, Bubble Tea, Games Reservoir and so on. Geeks Life Luxembourg will also be present to take some nice pictures of your cosplays. 😀

We are looking forward to seeing you next week! ^-^

Your Anilux-Team

Anilux 13 Joer Feier (Januar Treffen)

Wéini: Den 30. Januar 2016 um 14:00
Wou : Op der Gare
Wéi: Mat Partystëmmung! ^-^

W.E.G. LIESEN!

13 Joer gëtt et den Anilux nawell an dat wäerten mir nieft dem normaalt Treffen an engem Restaurant feieren. Déi annuell Generalversammlung wäert dann och virum Iessen am Restaurant gehalen. Op dësem Treffen wäert och ënnert anerem d’Opnam vun neien Memberen gemaach ginn, also net verpassen! Liest wann ech gelift den Text ënnendrënner wann dir gären wëssen wëllt wéi dir iech fir d’Iessen umellen kënnt a wéi ee Member kann ginn.

Moien alleguerten ^-^

Den Anilux gëtt dës Joer erëm ee Joer méi al an dat gëtt natierlech erëm celebréiert.

Dat normaalt Treffen wäert ewéi ëmmer um 14 Auer op der Gare ugoen. Déi normalen Tournée (Bastelkiste, Asia Market, Player One, Games Reservoir, Bubble Tea, Fantasybox) wäert ewéi gewinnt gemaach ginn.

Fir déi Leit die nom Games Reservoir net mat an d’Fantasybox ginn, wäerten spéitstens géint 17 Auer op Dummeldéng mam Bus (Ligne 10 oder 11) an den Restaurant “Grand Shanghai” goen wou mir eis Joersfeier a Generalversammlung wäerten ofhalen.

D’Generalversammlung wäert um 17:30 Auer ugoen. Falls d’Leit aus der Fantasybox nach net sollten um 17:30 do sollten sinn, wäerten mir nach op déi waarden. No der Generalversammlung wäerten mir dann och dann Memberskaarten erneieren a nei Memberen ophuelen. Denkt dowéinster jiddereen (OCH déi di schonn Member sinn!) drun déi entspriechend Zomm matzebréngen (6 € fir Schüler a 12 € fir déi di schaffen) domatter är Cotisatioun fir d’Joer 2016 bezuelt ass.

No der Generalversammlung wäerten mir all am Restaurant mateneen iessen. Fir déi die gären mat iessen wëllen, sollen hir Zouso an der Veranstaltung op Facebook schreiwen oder iwwert eis Mail (info@anilux.lu). Et wäert ee Buffet à volonté ginn den 17,50 € pro Persoun kascht. Dir kënnt och kommen, wann dir nëmmen un der Versammlung wëllt gären deel huelen.

Wann iech eppes dotëscht kommen sollt an dir net méi fir d’Iessen kommen kéint, sot wann ech gelift deementspriechend och Bescheed!

Hei fannt dir och nach den Ordre du jour:

1. Begréissung
2. Tätegkeetsbericht vum Sekretär
2.1. Aktivitéiten vum Joer 2015
3. Keessebericht an Budget 2016 vum Trésorier
3.1. Ausgaben (grob)
3.2. Einnamen (grob)
3.3. Bericht vum Trésorier an den Réviseuren
4. Opnam vun aktiven Memberen
5. Neiwalen fir déi verschidden Posten & Nominatioun vun 1 bis 2 Réviseuren
6. Accréditatioun vun den neien Statuten
7. Bespriechung vun den Aktivitéiten vun 2015
7.1. Treffen a Niewentreffen
7.2. Luxcon 2016
7.3. Bus-Ausfluch
7.4. Verschiddenes
8. Fräi Aussprooch vun den Memberen
9. Ofschloss vun der Generalversammlung 2016
10. Opnam vun neien Memberen a Memberskaarten

Wéi kommt dir dohinner?

Adress:
Restaurant Grand Shanghai
11 route d’Echternach
L-1453 Dommeldange-Luxembourg

Mam Bus/Zuch:

Dir kënnt d’Ligne 10 oder 11 huelen déi vun der Gare aus fort fueren an duerch den Hamilius fueren. Dir musst beim Arrêt “Eich Klinik” erausklammen an duerno nach eng 5 Minutten iwwert eng kleng Bréck trëppelen befier dir beim Restaurant ukommt. Et fiert all 10 Minutten ee Bus an et ass een vun der Gare aus a 15 Minutten do, also braucht dir keng Angscht ze hunn, de Bus ze verpassen.

Déi di gären den Zuch huelen, mussen den Zuch Richtung Dommeldange/Mersch huelen den generell all hallef Stonn fiert.

Hei eng Beschreiwung wéi ee vum Bus Arrêt dohinner kënnt: http://oi59.tinypic.com/w2dgzl.jpg

Mam Auto:

Vun der Gare aus sinn et nach 10 Minutten mam Auto. Dir fuert Richtung Eich-Ettelbréck am baschten iwwert den Viaduc an ënnert den Tunnel duerch. Op der Kaart fannt dir weider Detailer.

Ët gëtt ee Parking bei der Dummeldénger Gare wou dir ären Auto kënnt parken. Dir kritt Accès op den Parking wann dir direkt wou den Restaurant ass, d’Strooss lénks erof fuert an iech lénks haalt.

Hei hutt dir eng kleng Iwwersiicht wéi ee dohinner kënnt mam Auto vun der Gare aus: http://oi59.tinypic.com/x3h2zr.jpg

Hei gesitt dir méi genau wéi ee op den Parking kënnt falls keng Plaaz firum Restaurant sollt sinn: http://oi57.tinypic.com/20zv61k.jpg


Mir freeën eis iech ze gesinn! Bis dann ^-^
Äert Anilux Team

______________________________________

PLEASE READ

Anilux was created 13 years ago and we will celebrate this besides the usual Meeting on the 30th of January in a restaurant. The annual general assembly will also take place before the dinner at the restaurant. You will also get the possibility to become a member at Anilux, so don’t miss this opportunity! Please read the following text if you are interested how to register for the dinner and how you can become a member.

Hello everybody ^-^

A new year began and Anilux is celebrating its 13th anniversary and of course we are going to celebrate this again.

The normal meeting starts like always at 14 o’clock at the rail station. The normal round (Bastelkiste, Asia Market, Player One, Games Reservoir, Fantasy Box) will be done as usual.

For those people who don’t go to Fantasybox after Games Reservoir, will go at latest 17 o’clock by bus (Line 10 or 11) to Dommeldange to the restaurant “Grand Shanghai” where the general assembly will be held.

The general assembly will start at 17:30 o’clock. If the people from the Fantasybox shouldn’t be there at time, we will wait for them until they arrive. After the general assembly we will renew the memberships and register new members. So please don’t forget to bring money to pay your fee (ALSO those who already are member) for the year 2016 (6 € for students and 12 € for people who work).

We will have dinner at the restaurant after the general assembly. Those who want to participate at the dinner, should register in this post (Please comment the topic on Facebook or write us a mail (info@anilux.lu) if you are willing to participate). There will be an “All you can eat” buffet for 17,50 € per person. You can of course also come if you only want to participate at the general assembly.

Here is the agenda:

1. Welcome speech
2. Activity report by the secretary
2.1. Activities from the year 2015
3. Financial report and budget 2016 by the treasurer
3.1. Outgoings (resumed)
3.2. Earnings (resumed)
3.3. Report by the treasurer and the reviser
4. Admission of active members
5. Re-elections of the different positions & nomination for 1 to 2 reviser
6. Accreditation of the new statutes
7. Discussion about the activities of the year 2016
7.1. Meetings and side meetings
7.2. Luxcon 2016
7.3. Bus trip
7.4. Others
8. Opinions by the members
9. Conclusion of the general assembly 2016
10. Admission of new members and membership cards

How can I get there?

Adress:
Restaurant Grand Shanghai
11 route d’Echternach
L-1453 Dommeldange-Luxembourg

By bus/train:

You can take line 10 or 11 which depart at gare and you can go through the Hamilius. You need to climb out at the stop “Eich Klinik” and then you need to pass a little bridge. (Trip of 5 min.) before arriving at the restaurant. You can get a bus every 10 minutes and the bus takes 15 minutes to arrive at the bus stop “Eich Klinik”, so there is no reason to worry.

Those who take the train will take the one with direction Dommeldange/Mersch. There is a train every 30 minutes.
http://oi59.tinypic.com/w2dgzl.jpg

By car:

From the rail station it takes 10 minutes with the car. Drive direction Eich-Ettelbréck at best over the Viaduc an unter the tunnel. More details can be found on the map.

There is a parking at the “Dommeldange Gare”. Access to the parking is given by driving through the road next to the restaurant by keeping left.

Here is a little overview: http://oi59.tinypic.com/x3h2zr.jpg

If there is no space in front of the restaurant you have more detaile here on how to access the parking: http://oi57.tinypic.com/20zv61k.jpg


We are looking forward to seeing you! ^-^
Your Anilux team

Dezember-Treffen: Chrëschtfeier

Wéini: Den 19. Dezember 2015 um 14:00
Wou : Op der Gare
Wéi: Mat Chrëschtstëmmung! ^-^

WICHTEG! W.E.G. LIESEN

Dëst Treffen gëtt wéi ëmmer wéinst Chrëschtdag an Silvester no vir verluegt!

Léif Leit,

Chrëschtdag steet virun der Dier an natierlech gëtt am Anilux dat och gefeiert. Nierwt dee normale Programm gëtt erëm gewichtelt an all Member kritt seng Krëschttiitchen. ^3^

1) Den Tour:
Mir treffen eis wei ëmmer an der Gare um 14h00 virum Zeitungsbuttek an ginn dann um 14h20 eisen normalen Tour duerch d’Geschäfter maachen. Dës Kéier kënnt nach den flotten Chrëschtmaart dobäi!

Opsplécken ass och erëm ugesot nodeems mir an den Games Reservoir waren:
– Grupp 1: Déi di nach an d’Fantasybox wëllen goen;
– Grupp 2: Déi di einfach iwwert den Chrëschtmaart eng Kéier wëllen goen.

17h30-18h00: Mir treffen eis spéitstens am Sushi Shop!
All déi Leit déi gären beim Wichtelen* wëllen matmaachen, sollten dann do sinn.

2) *Wichtelen:
Wei all Joer maachen mir eist schéint Spill, dat bis elo jidderengem ëmmer gutt gefall huet.
Jiddereen den matmaachen wëll bréngt ee klengen Cadeau mat a gëtt den beim Comité of, an herno kritt dir per Auslousen ee Cadeau vun engem aneren.
Fir all déi Leit, déi gären wëllen matmaachen gëllen folgend Regelen :
Den Cadeau däerf net méi ewéi 10 Euro kaschten. Et muss näischt sinn wat kaf gouf, dat heescht et sinn och Biller, Bastelsaachen oder soss Kreativitéiten erlaabt, si sollen awer am beschten vun Häerzen kommen fir dem aneren esou eng Freed ze maachen.

Den Cadeau muss natierlech och agepak sinn.

Bescheerung wäert dann esou oflafen, dass wann mir am Sushi Shop sinn, jiddereen säin Cadeau ofgëtt. Den notéieren mir dann ënnert enger Nummer. Wann all Cadeauen do sinn, lousen mir déi aus, an schreiwen, och drop vun weem an fir wien den Cadeau ass.
Herno ginn déi Cadeauen erëm verdeelt an dir dierft iech iwwerraschen loossen.

3) Tiitercher (Nëmmen fir d’Memberen):
Fir d’Memberen ginn et wéi all Joer erëm Tiitercher mat flotten Saachen doranner, also loosst iech iwwerraschen!

WICHTEG: Fir déi di net kënnen kommen: Dir kënnt engem soen den op d’Treffen kënnt, hien oder hatt soll se fir iech mathuelen.

Mir wënschen iech schonn am viraus vill Spaass a freeën eis iech ze gesinn! ^-^

Är Anilux- Équipe


 

IMPORTANT! PLEASE READ

This meeting will be held earlier this month because of the vacation days and festivities!

Hello everyone,

Christmas is almost there and we at Anilux are celebrating with you. We will do besides the usual programme a secret Santa game and our members will get their mystery bag. ^3^
1) The tour:
We’re meeting at 2:00 P.M. in front of the Kiosk at Luxembourg train station and will do at 2:20 P.M. our normal tour through the shops, but this time we’re also going over the Christmas market!
After the Games Reservoir we will split up as usual:
– Group 1: Those who want to go to the Fantasybox;
– Group 2: Those who want to go over the Christmas market.

5:30-6:00 P.M.: We will meet up at the Sushi Shop.
All people who want to participate at our “Secret Santa” event should be there at that time.

2) Secret Santa:
We’re doing this like every year, since everybody likes it.
Everyone can bring a little present and will get another present in return by drawing lots.

Please follow these rules:
– The present shouldn’t cost more than 10 Euro;
– It can be anything, a picture, a craft, a book, whatever you want, it doesn’t need to be something that you bought as long as it is something nice;
– The present must be wrapped up.

At the Sushi Shop, we will put numbers on the different presents and then randomly draw a number.

3) Mystery Bag (Only for members):
The members will get a mystery bag with cool stuff.
For those who can’t come: You can tell another person that will be there to pick it up for you.

We wish you a lot of fun in advance and are looking forward to seeing you! ^-^

Your Anilux-Team.

 

November-Treffen: Ganz relax

Wéini: Den 28ten ëm 14:00
Wou : Op der Gare
Wéi: Total motiveiert^^!

Moien alleguerten,

Des Keier maan mer en normalt Treffen. x3

Lies den vollständigen Beitrag »

Convention: J-Con

Wéini: Den 7+8 November 2015 ab 10h00
Wou : Zu Mergeg (Saarland)
Wéi: Am Cosplay!

Moien alleguer,

Mer hun dest Joar en Stand op der J-Con, duerfir des Info fir all dei leit dei Loscht hun eis deen Weekend besichen ze kommen.
Weider Infos zu der J-Con fannt der och op der Eventseit: https://www.facebook.com/events/392832267571901/

Mer freen eis schon op ierch.

—————————

Hello everybody,

We have a stand at the J-Con this year and we would be happy to see you there.
More information about the J-Con on their Event-page: https://www.facebook.com/events/392832267571901/

See you soon.

Cosplay-Halloween-Oktober-Treffen

Wéini: Den 31. Oktober 2015 um 14h00
Wou : Op der Gare
Wéi: Am Halloween-Cosplay!

Moien alleguer,

Eng grouss Unzuel vun den Leit hunn sech bei dem Comité gemellt a hunn ugefrot ob et nach méiglech wier en zweet Treffen nieft den Zombiewalk ze maachen.
Dorobshin hun mer eis entscheed och en Cosplay-Halloween-Treffen an der Staat ze maachen.
Merci fir ärt Verständnis.

Mer treffen eis dann um 14h00 an der Gare firum Zeitungsbuttek an waarden bis 14h30 iert dat mer lass gin. Et as natierlech keen gezwongen en Cosplay oder en Halloween-Kostüm unzedoen.
Mer weerten eisen übleschen Tour duerch d’Geschäfter (Asia Markt, Player One, Reservoir Games, etc) maachen. Duerno splëcken mer ei rem op, dei eng dei firteischt nach an d’Fantasybox gin an dei aaner dei schon fir an den Sushi Shop gin. Do maan mer eis et dann den Rest vum Owend gemittlech.

Mer freen eis schon op ierch.
Bis den 31ten.